Skip to main content

Gewënner vum Hello Spring 2023!

Léif Schülerinnen a Schüler,

Léif Enseignanten,

an de leschte 15 Wochen si beim Hello-Spring Projet ëm déi 2500 Observatioune validéiert ginn a mir hoffen, datt dir net nëmmen e puer heemesch Aarte kenne geléiert, mee och e bësse Spaass um Entdecke vun der Natur hat.

Besonnesch fläisseg war d‘7C4 aus dem Atert Lycée Réiden déi de Klasseprojet gewonnen huet!

Och vereenzelt Schüler:inne waren duerchaus engagéiert an hunn fill Observatioune gemaachen: mir felicitéieren hei ganz besonnesch dem Jan Podolan aus dem Lycée Robert-Schuman, dem Luc Micket aus dem Atert Lycée Réiden an dem Lena Rodriguez Hotschnig aus dem Lycée Josy Barthel Mamer déi e kleng Cadeau kréie wäerte.

Mir soen iech all häerzlech Merci fir déi flott Participatioun an hoffen deen een oder aneren Enseignant d’nächst Joer nees zeréck ze gesinn.

SCRIPTNaturmuseeABIOL