Gewënner 2024-2025
Léif Schülerinnen a Schüler,
Léif Enseignanten,
beim Hello Spring 24/25 sinn dëst Joer méi wéi 4500 Observatioune validéiert ginn a mir hoffen dass dier är Freed hat an d‘Natur ze goen.
De Klassepräiss geet un d‘7C5 aus dem Atert Lycée Réiden a bei den Eenzelpräisser felicitéieren mer dem Felix Lutgen, dem Sara Fedel an dem Alessio Orlando.
Mir soen iech all häerzlech Merci fir déi flott Participatioun an hoffen deen een oder aneren Enseignant d’nächst Joer nees zeréck ze gesinn.
D’Hello Spring-Team


