Skip to main content

gläich geet et lass...

Léif Schüler an Enseignanten,

mir feeën eis, datt sech bis elo schonn 31 Klasse fir den Hello Spring 24/25 ugemellt hunn! Mir hoffen, datt Dir – genee wéi mir – scho ganz gespaant sidd, wann et de 3. Februar mam Concours lassgeet. Halt d’Aen an d’Oueren op a genéisst d’Natur, déi an de kommende Woche lues a lues aus hirem Wanterschlof erwächt.

Vergiesst net: Dir kënnt d’App dës Woch schonn ausprobéieren, mee de 3. Februar gëtt alles op Null gesat. Ween awer schonn eng gutt Plaz fir déi eng oder aner Aart kennt, huet natierlech e klenge Virdeel! 😉

Bis geschwënn,

äert Hello Spring-Team

SCRIPTNaturmuseeABIOL