Skip to main content

News

Gewënner 2024-2025

Léif Schülerinnen a Schüler,

Léif Enseignanten,
 

beim Hello Spring 24/25 sinn dëst Joer méi wéi 4500 Observatioune validéiert ginn a mir hoffen dass dier är Freed hat an d‘Natur ze goen.

De Klassepräiss geet un d‘7C5 aus dem Atert Lycée Réiden a bei den Eenzelpräisser felicitéieren mer dem Felix Lutgen, dem Sara Fedel an dem Alessio Orlando.

 

Hello Spring - 2024

Léif Schülerinnen a Schüler, léif Enseignant(e)n,

och dëst Joer gëtt nees den Hello Spring Concours fir all d'7e-Klassen zu Lëtzebuerg organiséiert an et wäerte rëm flott Präisser ze gewanne ginn.

Kommt vun Zäit zu Zäit hei op de Site luussen fir keng Informatiounen ze verpassen.

Äert Organisatiounsteam

Gewënner vum Hello Spring 2023!

Léif Schülerinnen a Schüler,

Léif Enseignanten,

an de leschte 15 Wochen si beim Hello-Spring Projet ëm déi 2500 Observatioune validéiert ginn a mir hoffen, datt dir net nëmmen e puer heemesch Aarte kenne geléiert, mee och e bësse Spaass um Entdecke vun der Natur hat.

Besonnesch fläisseg war d‘7C4 aus dem Atert Lycée Réiden déi de Klasseprojet gewonnen huet!

SCRIPTNaturmuseeABIOL