Skip to main content

Iwwer de Concours

Wat ass den Hello Spring Projet?

Wann de Wanter sou lues op en Enn kënnt an d’Natur Stéck fir Stéck aus hirem Schlof erwächt, dann ass et Zäit mat denger Klass um Hello Spring Projet deelzehuelen! Hei geet et drëms d’Natur aktiv wouerzehuelen an déi heemesch Fauna a Flora besser kennen ze léieren.

De Projet besteet aus zwee Deeler: 

  • Fir d'éischt interesséiere mir eis fir d'Zeigerarten déi d’Fréijoer ukënnegen. Et geet drëms déi Aarten an der Natur vu Januar bis Mee e bësse méi genau ënnert d’Lupp ze huelen an d‘Beobachtungen ze dokumentéieren. Du selwer, mee och déi aner Schüler:innen aus denger Klass, droen d’Beobachtungen dann hei um Internetsite oder iwwert d’App an.
  • Ausserdeem werfe mir wärend dem ganze Projet e Bléck op d’Verännerunge vun der Temperatur a kucke wéi si de Wandel vun der Natur beaflosst.

Um Enn vum Hello Spring Projet ginn dann déi fläissegst Schüler:innen a Klasse mat engem klenge Präis belount. 

Hues du Loscht mat denger Klass matzemaachen? Dann schwätz mat dengem Enseignant an de Naturwëssenschaften a mellt iech un!

Den Organisatiounsgrupp vum Hello Spring Projet freet sech schonn op är Observatiounen!

SCRIPTNaturmuseeABIOL